D’Mesuren am Sport bis den 15.01.2021 verlängert

Hei drënner, als pièces jointes, fannt Dir d’Recommandatioune vum Sportsministère vir d’Sportaktivitéiten, déi bis de 15 Januar 2021 gëllen.

Am ganz séiere Resumé: D’Sportshale bleiwe weiderhin vir de Public zou. Training dobausse bleift a Gruppe vu maximal 4 Persounen erlaabt.

Mir soen Iech e grousse Merci d’Mesure vun eiser Regierung konsequent anzehalen a stinn Iech bei Froen natierlech zu all Moment ënner folgender Emailadresse zur Verfügung: sport@judo.lu.

Mir wënschen Iech eng ganz schéi Chrëschtdagszäit, vill Courage an eng gutt Gesondheet.

récapitulatif des mesures

recommandations sanitaires gouvernement