De Jasper Huitsing, de neien U21 a Seniors-Nationaltrainer vun der FLAM/Judo ab 2021, huet dem Tageblatt an engem flotten Artikel mam Christelle Diederich-Hirlimann éischt Abléck a seng Philosophie an Trainingsastellung gewäert.
Wéi de Jasper seng Aufgab zu Lëtzebuerg gesäit, wat hien ab Januar an Zesummenaarbecht mat der FLAM/Judo a sengen Aarbechtskolleegen, dem Wolfgang Amoussou (DTN) an dem Sascha Herkenrath (U13, U15 an U18 Nationaltrainer), virhuet a wéi hien sech selwer als Trainer beschreift, fannt Dir hei um Bild (voir Annexe) oder op der Internetsäit vum Tageblatt:
Klickt HEI !
Mir soen dem Tageblatt e grousse MERCI vir dëse flotte Reportage, si gespaant a freeën eis op 2021 an déi nei Equipe!