Knapps ee Mount ier hien offiziell vir d’FLAM als Jugendnationaltrainer am Judo ufänkt, huet de Sascha Herkenrath sech an engem flotten Artikel mam Christelle Diederich-Hirlimann zu senger Persoun, senger Motivatioun a sengen Ziler geäussert.
Wat de Sascha genau an Zesummenaarbecht mat der FLAM/Judo a sengen Aarbechtskolleegen, dem Wolfgang Amoussou (DTN) an dem Jasper Huitsing (U21/Senior Nationaltrainer), virhuet, wat hien motivéiert huet sech vir de Posten zu Lëtzebuerg ze bewerben a wéi seng éischt Andréck vum Niveau am Grand-Duché waren, fannt Dir hei um Bild oder op der Internetsäit vum Tageblatt: Klickt HEI !
Mir soen dem Tageblatt e grousse MERCI vir dëse flotte Reportage, si gespaant a freeën eis op 2021 an déi nei Equipe!