VIZE-EUROPAMEESCHTERIN

D’ Kenza Cossu huet haut Judo-Geschicht zu Lëtzebuerg geschriwwen 🥋🇱🇺! No 4 gewonnene Kämpf, dorënner géint d’Nummer 3 vun der Welt aus Tschechien 🇨🇿, konnt hatt just vum däitschen Nele NOACK 🇩🇪 an der Finall gestoppt ginn an erreecht domat dat beschte Resultat an eiser Geschicht op enger Jugend-EM 🙌🏻.

D’Judoka vum Judo et Jujitsu Club de Bonnevoie a Schülerin aus dem Sportlycée Lëtzebuerg gewënnt eng fantastesch Sëlwermedaile 🥈 op der U18 Europameeschterschaft an der Gewiichtsklass bis 63kg (23 Konkurrentinnen) a gëtt fir säin Trainingsfläiss belount 💪🏻.

E ganz grousse BRAVO un dech, Kenza 👏🏻! Mir si stolz op dech!

Niewent dem Kenza wëlle mir och eisen Technesche Staff begléckwënschen, virop eise Jugendnationaltrainer de Sascha Herkenrath 🙏🏻, esou wéi säi Veräin, de JJJC Bonnevoie, seng Famill, seng Traineren, Trainingspartner an all d’Persounen, déi hatt déi lescht Joren ënnerstëtzt a begleet hunn 🤝.

There is more to come! 💥