Arbitre et chronométreur: cycle inférieur

 

⚠️ Wichteg Info un all Arbitter, interesséiert Judokaen an Trainer ⚠️

@ARBITTER 👉🏻 Den 17.09, vun 08:15 bis 18:00 Auer, fënnt den éischte Cours vun enger Arbitterformatioun um INS 📍 statt. Eng Umeldung ass méiglech onofhängeg vu Niveau an Alter. Och méi jonk Athleeten an Elteren déi, zum Beispill, um Dësch als „Commissaires Sportifs“ hëllefe wëllen, sinn häerzlech wëllkomm. D’Umeldung geet per Email ✉️ un arbitrage@judo.lu

@TRAINER 👉🏻 Den Deel Moies (08:15-12:00) zielt och als Formation Continue am Kader vum Renouvellement obligatoire vun Denger ENEPS-Lizenz 🙌🏻. Hei hues Du d‘Méiglechkeet 4 Unités de formations ze validéieren.

⚠️ COACHKAART: ab 2023 féiere mir erem eis traditionell „Coachkaart“ an. Just Trainer mat enger valabeler Coachkaart kënnen op eise Championnater ënnen beim Tapis coachen ❗️Déi Persounen déi um Deel Moies vun der Arbitterformatioun deelhuelen (17.09 vun 08:15-12:00), kréien eng valabel Coachkaart fir 2️⃣ Joer. Eng zweet a lescht Sessioun fënnt kuerz virun der Eenzelmeeschterschaft 2023 statt.
Bei Froen sti mir Iech gären zu Verfügung: comite@judo.lu an arbitrage@judo.lu 👈🏻.
#JudoTeamLetzebuerg #JudoLuxembourg2022 #ENEPS #judomorethansport #LTAD #LetzebuerglieftSport