Happy Birthday FLAM 🎂

Viru genee 70 Joer ass ons haiteg FLAM gegrënnt ginn.

Fir dat ze feieren hu mir eng Nuit des Arts Martiaux organiséiert, déi den 22. Oktober 2022 zu Diddeleng am Centre sportif René Hartmann stattfënnt.

Wann s du och wëlls mat ons feieren a vill flott Demoen vu verschiddene Sportaarten wëlls gesinn, da wäre mir frou dech do kënnen ze begréissen. 🍾