Serge Schaul
President Judo a President FLAM
Dest Joer hunn mir déi grouss Éier, déi alleréischt Europameeschterschaft vun de klenge Staaten ze organiséieren.
Des Europameeschterschaft soll all zwee Joer an engem anere Land statt fannen, esou hunn eis Sportler nieft de Spiller vun de klenge Länner, all Joer d’Méiglechkeet géint déi aner kleng Staaten ze kämpfen.
Fir déi aner Länner war et séier kloer, dass Lëtzebuerg den éischten Organisateur soll sinn, well mir jo dat lescht Joer e Präis kruten, fir d’Organisatioun vun der Junior Europameeschterschaft.
Mir kennen all zesummen houfreg dorobber sinn, dass Judo Lëtzebuerg elo net nëmmen op sportlechem Niveau dobausse ka weisen, dass mir kennen international mathalen, mee eis och op organisatoreschem Niveau net musse verstoppen. Mat iech all zesummen, hunn mir et fäerdeg bruecht, de Judo hei zu Lëtzebuerg weider ze bréngen, a mat ärer Hëllef, sinn ech sécher, dass mir nach net um Enn si vun eisem Wee no uewen.
Ech soen iech elo scho Merci fir är Ënnerstëtzung.